20, ROUTE DE LUXEMBOURG - 

L-6910 ROODT-SUR-SYRE

INTERN

Cinémas-picto

22/12/2019 - 16h00

Filmnomëtteg fir déi ganz Famill

De klenge Jangli / De klenge Prënz

16h00

De klenge Jangli
a lëtzebuerger Sprooch
Dauer: 30 Minutten

De klenge Jangli ass eng Rangéierlokomotiv deen déi grouss
Lokomotiven aus dem Schapp eraus zitt.
Hie géif esou gär eng Kéier mol e richtegen Zuch zéien.

Ass haut säin groussen Dag?
De Brommel kann net, de staarken Zedrik wëll net, d‘ Zilla huet
eng Sinusite am Kamäin, an de Ronkitonki huet keen Drock méi um Kessel.

A wien zitt elo de Spillsaachenzuch?
De Jangli ass dach ze kleng! Dat packt hien nimools!
Mee de Jangli weess: „Et kann ee wann ee wëllt“

 

17h00

De klenge Prënz
a lëtzebuerger Sprooch
Dauer: 103 Minutten

«Dat Wichtegst gesäit een nëmme mam Häerz»

Et ass d’ Geschicht vun enger bekannter Geschicht.
Vun engem klenge virwëtzege Meedchen, dat mat senger vill
beschäftegter Mamm an der Welt vun den Erwuessene lieft.
Mee wéi hatt deem ale Pilot begéint, deen am Häerz nach
ëmmer e Kand bliwwen ass, fänkt e grousst Abenteuer un.
D’ Geschicht vum klenge Prënz.

Entrée gratuite