20, ROUTE DE LUXEMBOURG - 

L-6910 ROODT-SUR-SYRE

INTERN

Théâtre-picto

02/10/2020 - 20h00

KMK - Kabarett Mars Klein

Wann e Salamander mam Feier spillt

Literaresch hëtzeg. Musikalesch sprëtzeg.

Wäit ewech vu bëlleger Comedy oder
populisteschem Beschass steet KMK fir
Kalitéit vum Text a Kalitéit vum Chanson.

Wuertspillerei a satiresch Kritik wiesselen sech
och am neie Programm of, deen am éischten Deel
e witzeg-wëlle Bestiarium weist, an am zweeten Deel
de Mënsch ënner d’Lupp hëlt an eng Rei Bëssegkeeten
iwwer Lëtzebuerg auspaakt.

Mam Véronique Kinnen a Sabine Rossbach huet
de Mars Klein exzellent Schauspillerinnen a Sängerinnen
nieft sech, a mam Rudi Schubert e kreative Komponist
um Piano.

D’Texter vun däitschen Auteuren a
vum Mars Klein selwer gi gespillt
op Lëtzebuergesch an Däitsch.

De Spektakel dauert 2 x 40 Minutten.

De Kabarett Mars Klein, deen den 29. Abrëll geplangt war, ass wéinst der Pandémie op den 2. Oktober verluecht ginn!

Tickets :  www.luxembourgticket.lu - Tél. 47 08 95 1
Tarifs :  15€ / 8€ - prévente
20€ / 10€ 1€ - caisse du soir
Billetterie sur place ouverte une heure avant le spectacle