20, ROUTE DE LUXEMBOURG - 

L-6910 ROODT-SUR-SYRE

INTERN

Théâtre-picto

01/02/2019 - 20h00

DE SCHOLDSCHÄIN

Dat alleréischt Theaterstéck a Lëtzebuerger Sprooch an eng
vun den éischten Operette weltwäit huet ons den DICKS,
dee se selwer Koméidisstécker genannt huet, 1855 geschenkt.

Mee et ass net nëmmen dat éischt, mee och dat witzegst vum
Dicks senge Stécker. Wee kennt net „Gëff mer eng Bees,
O du mäin am Kamäin, Dee freie geet sief gutt gekleet ….“

A well de SCHOLDSCHÄIN nëmmen eng gutt Stonn dauert
 (den Dicks wousst wat sech gehéiert …) hunn de Carlo (Paapschossel)
an d’Yannchen (Mamm) deem Owend e Virspill geschriwwen,
wouran se hir grouss „69ger Wittmann-Konzert-Drehorgel“
-déi se speziell fir esou Produktiounen zu Wien baue gelooss hunn -
op ganz amusant Manéier virstellen. Sidd op all Iwwerraschungen
gefaasst…..

Déi zwee Kënschtler ginn ënnerstëtzt vum Stéphanie Schlink (Marréi)
an dem Al Ginter (Schuechtegfeeër Néckel). A wéi gewinnt bei
Hartmann & Hoffmann: schéi Costumer an en opulent Bühnebild.